Events details

Luxembourg: Webinar on EUCF 2nd call (21 April, 10h00 - 11h30)

Déi europäesch EUCF bitt de Gemengen a Gemenge-Syndikater eng Méiglechkeet fir Investitiounskonzepter am Energie-Beraich ze finanzéieren. D’Fërderung ass mat bis zu 60.000€ dotéiert. D’Gemeng oder de Syndikat huet wéineg Risiko, well kee Remboursement néideg gëtt, falls de Projet net op en Enn kënnt. 

Dëse Finanzement ass komplementär zum Klimapakt a riskéiert keen double financement.

Aktuell ass den zweete Call lancéiert, dofir:

invitéieren mir iech fir e Mëttwoch, 21. Abrëll vun 10 bis 11.30 Auer op eng online Presentatioun / Webinar zu dësem Programm. 

Agenda: 

  • Wat ass d’UECF? (Marianne Kollmesch - EBL) 

  • Wéi kann een eng Fërderung ufroen? (Josef Balmes - energieagence)

  • Wat ass en Investiziounskonzept? (Josef Balmes - energieagence)

  • Ënnerstëtzungsmechanismen vun der EUCF (Marianne Kollmesch - EBL) 

  • Froen vun den Teilnehmer un der Videokonferenz an Äentwerten

 

Mellt iech w.e.g. per Mail op info(at)ebl(dot)lu un, duerno kritt dir d’Informatiounen fir d’Aloggen per Mail zougeschéckt.